
Bei Luxguard soll eng Fusioun tëscht dem Site vun Diddeleng an Nidderkäerjeng entstoen, wouduerch de Glasuewe vun Diddeleng ofgeschalt wäert ginn. D'Fermeture vum Site betrëfft ronn 450 Salariéen, déi net wëssen, wat mat hinne respektiv hiren Aarbechtsplaze geschéie wäert.
"Mir sinn haut nach ëmmer an der Inconnu an eis Fuerderunge si ganz kloer, mir wëllen hei e Lëtzebuerger Sozialmodellaféieren, also deen et och scho gëtt, datheescht den dialogue social, dee Lëtzebuerg grouss gemaach huet, dat wëlle mer absolut, datt mer op enger Ebene mat der Direktioun kënne schwätzen an zweetens wëlle mer eng Aarbechtsplazgarantie a mir wëllen eng Zukunft hei fir Diddeleng a fir Bascharage.", esou den Alain Rolling vum OGBL.
Dëst féiert zu grousser Onzefriddenheet, well ganz vill Froen nach guer net gekläert sinn an d'Leit fille sech am Ree stoe gelooss.
"Also mir sinn hei nach ëmmer an der grousser Inconnu, dofir wëlle mer, datt ee Sozialdialog stattfënnt, dass mer kënne matenee schwätzen, datt mer kucken, wat geschitt mat deene Leit, dëst fënnt leider net statt, d'Direktioun trëppelt mat de Féiss op de Sozialdialog a mer wësse leider guer näischt bis elo."