Wéinst dem „onmënschleche Féierungsstil“ um Kräizbierg wëll den OGBL eng Entrevue mat den Aarbechts- a Familljeministeren, si weider gewerkschaftlech Aktioune geplangt a wënscht ee sech e Wiessel an der Direktioun.
Den Onofhängege Gewerkschaftsbond huet vun engem Spill mat der Angscht geschwat, dee sech wéi e roude Fuedem duerch den Dossier zéie géif, vun engem Manktem u Mënschlechkeet, zanter dass déi nei Direktioun do ass, a sech d'Fro gestallt, firwat de Verwaltungsrot sou passiv agéiere géif.
Virun deem Hannergrond wären an de leschte Méint 14 Leit vum Personal hirer Wee gaangen; méi schwéier weit iwwerdeems de Virworf vu sexuellen Avancë vum Administrateur délégué géintiwwer 5-6 Leit vum Personal.
De Verwaltungsrot vun der Fondatioun reagéiert an ënnersträicht, dass och fir d'Leit aus der Direktioun d'Présomption d'Innocence gëllt. Et bleift een um Wee, dass een externen Expert d'Situatioun soll ënnert d'Lupp huelen.
Deen huet och scho mat senger Missioun ugefaangen. Den Audit dierft Enn vum Mount fäerdeg sinn.
De Conseil seet sech da verwonnert, dass d'Gewerkschaftsvertrieder bei der leschter Entrevue ni eppes iwwert déi Reprochë geschwat hunn, déi géint den Administrateur-Délégué geäussert goufen.