Sexuell BelästegungOmbudsman: Kanner mussen erzu ginn, fir kënnen "Nee" ze soen

Claudia Kollwelter
De Charel Schmit, Ombudsman fir d'Rechter vum Kand, betount awer, datt ee quokeleg Virfäll net an der Ëffentlechkeet soll behandelen.
© Shutterstock

“Kanner a Jugendlecher si staark genuch fir “Nee” ze soen. Dat muss e Message vun eis alleguer sinn” - seet den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand Charel Schmit am RTL-Interview. Nodeems fréier Schüler aus dem Dikrecher Lycée en oppene Bréif un d’Direktioun an och un den Educatiounsminister geschéckt hu wéinst engem Virfall vu sexueller Belästegung, huet d’Claudia Kollwelter méi generell mam Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher driwwer geschwat, wéi ee mat esou Virfäll ëmgeet a wat gemaach muss ginn:

Sexuell Belästegung bei Kanner / Rep. Claudia Kollwelter

Et kéint een eenzel quokeleg Virfäll net op der place public verhandele betount de Charel Schmit:

Kee Beschwerdemanagement, keng Mediatioun a kee Kannerschutz funktionéiert op der place public. Et brauch een also adequat Prozeduren a Plazen, wou een dat an engem geschützte Kader an am Respekt vun de Perséinlechkeetsrechter vun alle Bedeelegte ka maachen. An et muss ee verhënneren, ier een iwwert Sozial Medie Virveruerteelunge mécht oder eng Hexejuegd veranstalt.

Den Ombudsman wier eng extern Plaz fir Reklamatiounen an Doleancen. Zanter 2018 gëtt et intern de Service de médiation scolaire. Mä um Niveau vun de Regionaldirektiounen am Fondamental an an de Lycéeë bräicht een och nach Leit, déi sou Situatioune managen. Mä et dierft een net just de Beräich vun der Schoul kucken:

Iwwerall, wou Kanner a Jugendlecher encadréiert, betreit, erzu ginn, wou se wunnen. An ech mengen do ass elo e gudde Moment komm, wou mer allgemeng iwwert d’Wuelbefanne vu Kanner a Jugendleche schaffen, well eis duerch Pandemie de Mal-être vun hinne bewosst gëtt. Mir sollen de Moment notzen, fir z’iwwerleeën, wéi mer an deene verschidde Beräicher “Beschwerdemangament” aféieren.

E Konzept, wat den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand proposéiert, ass dat vun de sougenannten “Child Protection Officers”, eng kloer identifizéiert Persoun, un déi ee sech adresséiere kann an déi als éischt Ulafstell gëlle soll. Et géif Handlungsbedarf ginn an dat souwuel um Niveau vun der Preventioun, der Reaktioun an der Mediatioun, seet de Charel Schmit:

Wou mer eis géife wënschen, datt een zesumme mat de verschidden Acteuren aus dem Schoulberäich, dem Sport an der non-formaler Bildung Gedanke mécht.

Dat géif och schonn an engem Aarbechtsgrupp gemaach ginn, deen Enn dës Joers konkret Iddie soll presentéieren. Kloer wier awer, datt eng Nofro do wier och vu Säite vun den Direktiounen, déi Outilen a bonne Pratiquë géife froen, fir ze wëssen, wéi ee mat verschiddene Situatioune kann ëmgoen:

Well se sech all bewosst sinn, datt dat haut eng ganz aner Sensibilitéit ass an datt se och selwer eng Schoulkultur mat op de Wee bréngen, bei där Saache kënnen ugeschwat ginn. Et geet net drëm, eng Schoulkultur ze hunn, bei där een deem aneren de béise Fanger mécht, mä ëm eng Feedback-Kultur an e Beschwerdemanagement, deen accessibel a bekannt ass a bei deem een och déi onangeneem Saache kann uschwätzen.

Déi Erwuesse missten d’Kanner a Jugendlech esou erzéien an encouragéieren, fir “Nee” ze soen, a Limitten ze zéien, huet den Ombudsmann fir d’Rechter vum Kand de Charel Schmit nach betount.

Back to Top
CIM LOGO