ZeienopruffOnbekannten huet an engem Buttek zu Stroossen geklaut

RTL Lëtzebuerg
Op Twitter huet d'Police e Mëttwoch de Moien en Zeienopruff lancéiert a sicht no engem Mann, deen de 5. Januar zu Stroossen an engem Buttek geklaut huet.

Wéi et heescht, huet de Mann géint 12.45 Auer am Elektronik-Buttek an der Areler Strooss den Alarm ausgeléist, wéi en eng Dron am Wäert vun iwwer 1.000 Euro aus dem Regal geholl huet. Hien huet den Apparat ënnert senger Jackette verschwanne gelooss an ass aus dem Buttek gelaf.

Sämtlech Informatioune si fir de Policebüro Porte de l’Ouest um Nummer 24435-1000 oder fir den 113.

Back to Top
CIM LOGO