
D'Affer gouf vun engem Autofuerer ugeschwat, deen sech als Vertrieder vun enger italienescher Designermark ausginn hat. De Mann sot e wär um Wee op Basel, hie géif d'Kleeder net mathuelen, well en se soss vun der Schwäizer Douane ofgeholl géing kréien.
Den Onéierlechen huet net labber gelooss, bis de Mann him seng Wuer ofkaaft hat. An der Tut waren du véier benotzte Liederjackette vu bëlleger Qualitéit dran.
D'Police geet dovun aus, dass de presuméierten Täter deen Trick méi heefeg probéiert. Leit déi eventuell Hiweiser hunn, sollen sech bei der Police vun Dikrech mellen.