Handicap InternationalONG fuerdert méi Protektioun fir d’Ziviliste viru Bombardementer

RTL Lëtzebuerg
All 24 Minutte kënnt weltwäit duerch Bombardementer een Zivilist ëm d’Liewen oder gëtt blesséiert.
Méi Protektioun fir d’Zivilisten viru Bombardementer
All 24 Minutten kënnt weltwäit duerch Bombardementer een Zivilist ëm d’Liewen oder gëtt blesséiert.

Fir eben un déi Zéngdausende vun Zivilisten ze gedenken, huet Handicap International ee Monument op der Place Clairefontaine ageweit. Dowéinst fuerdert d’Associatioun an Zukunft dann och méi Protektioun fir d’Ziviliste viru Bombardementer.

Handicap International hat op der Place Clairefontaine d’Monument fir “onbekannt Zivilisten” ageweit. Et soll un déi sëllegen Zivil-Affer vun bewaffente Konflikter erënneren. Duerch Bombardementer kënnt weltwäit all 24 Minutten, een Zivilist ëm d’Liewen oder gëtt blesséiert.

90 Prozent vun den Affer vun Explosiv-Waffen a Wunngebidder sinn Zivilisten. Dowéinst fuerdert d’Associatioun an Zukunft konkret Mesuren fir d’Protektioun an d’Ënnerstëtzung vun der Zivilpopulatioun. Am Mëttelpunkt vun de Verhandlunge steet aktuell eng international politesch Erklärung.

D’Monument gouf vum Kënschtler Manolis Manarakis kreéiert.

Back to Top
CIM LOGO