
An hei sinn de Préiwer vun der Cour des Comptes eng ganz Rei Ongereimtheeten opgefall. Virop konnt de Fong a ville Fäll keng kloer a fiabel Informatioune liwweren, deels waren dës esouguer falsch. Zum Beispill géif et keng komplett Lëscht ginn, mat all den Terrainen, déi an deem Zäitraum kaaft goufen an den Hëllefe fir d'Haiser, déi op dësen Terraine gebaut goufen. Iwwerhaapt géif et beim Fong keng kloer Strategie, wéi eng Critèren Haiser an Terraine mussen erfëllen, fir dass de Fong se soll kafen.
An dat obschonns de Rechnungshaff de Fong net fir d'éischt op dëse Manko opmierksam mécht. Nieft enger klorer Akafsstrategie feelt et dem Fong awer och un engem Fënnef-Joresplang, an deem déi allgemeng Politik an Ziler vum Fong definéiert ginn. Ma och zum praktesche Fonctionnement vum Fong huet de Rechnungshaff eng ganz Partie Problemer opgelëscht. Eng Rei dovun goufen an Tëschenzäit behuewen, wéi zum Beispill dee vun der Direktiounssekretärin, déi duebel esou vill an der Pai krut, wéi eigentlech virgesinn an dat ouni, dass den zoustännege Minister dat accordéiert hat. Nodeems dat opgefall ass, ass dunn eng Prime de fonction ausbezuelt ginn, fir dass d'Madamm finanziell net méi schlecht géif ewechkommen, wéi virdrun. Ma wéi gesot, dee Problem ass geléist. D'Madamm kritt haut déi Pai, déi am Barème virgesinn ass.
Net gekläert ass, wéi konnte Viremente gemaach ginn, ouni dass iwwerhaapt eng Facture virläit. Konkret wieren hei Immobilienagencë bezuelt ginn, ma et weess kee firwat, wéi d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberskommissioun, Diane Adehm, verwonnert feststellt.
"Et schéngt do ëm 3.000 Euro ze goen, wat an deem Sënn net dramatesch ass. Mä et ass awer komesch, dass e Fonds du Logement do Suen iwwerweist an et leie keng Dokumenter vir, keng Rechnung, guer näischt. An et stellt ee sech och d'Fro, wat déi Apporteurs d'affaires eigentlech maache beim Fonds du Logement. Firwat brauch de Fonds du Logement esou eppes, wat ass deenen hire Rôle an där ganzer Saach?"
Och d'Direktioun schéngt zäitweis vun der laxer Comptabilitéit profitéiert. Feelt e Member nämlech dräi Mol hannertenee bei Reunioune vun der Direktioun, dierft hien eigentlech net dofir bezuelt ginn. Dat huet ee beim Fong nach bis 2017 awer net ganz esou enk gesinn.
Net esou enk gesinn, huet een dann och d'Obligatioun, fir den Accord vum Minister ze froen, fir Terrainen ze verkafen. Zwee Terrainen an dräi Parkplaze wieren am ënnersichten Zäitraum verkaaft ginn, ouni Zoustëmmung vum zoustännege Minister.
Ma och mat de Locatairë war ee beim Fong net esou streng. Niewekäschten an Héicht vu ronn 1,5 Milliounen Euro goufen ni agefuerdert a kënnen haut och net méi agedriwwe ginn.
Op där anerer Säit huet ee beim Fong och alt emol Suen ze vill kritt an dat net corrigéiert. Fir e Projet, fir en Appartementshaus mat 14 Wunnengen ze bauen, huet de Fong Subventiounen an Héicht vun 2,4 Milliounen Euro kritt. Am Endeffekt goufen awer nëmmen 8 Wunnenge gebaut, deemno goufe knapp 400.000 Euro ze vill akasséiert. Beim Fong huet een an Tëschenzäit knapp 300.000 Euro zeréck iwwerwisen. Deemno sëtzt de Fong bis haut op 100.000 Euro, déi een net zegutt hat.
Dobäi sief ze soen, dass 2017 eng gréisser Reform vum Fong entaméiert gouf. Zanterhier wieren eng ganz Rei Problemer behuewen an et géif ee weider un der Ëmsetzung vun der Reform schaffen, heescht et nach vum Fonds du Logement.
RTL NEWS: Fonds du Logement gouf vu Bank op méigleche Bedruch higewisen