Suen op falsche Kont iwwerwisenFonds du Logement gouf vu Bank op méigleche Bedruch higewisen

Maxime Gillen
De Fonds du Logement gouf vun der Bank dorop higewisen, dass de Virement op e polnesche Kont kéint falsch sinn, ma huet d‘Suen nawell iwwerwisen.
© RTL Archiv

44.000 Euro ze vill bezuelt, 800.000 Euro op e falsche Kont iwwerwisen oder 3.000 déi bezuelt goufen, an et weess kee firwat. Dat sinn nëmmen e puer Elementer aus dem Spezialrapport vun der Cour des Comptes, deen de Mëtteg an der zoustänneger Chamberskommissioun presentéiert gouf. Riets geet hei vum Fonds du Logement an der Coque. Béides keng Musterschüler wann et dorëms geet sech un d'Reegelen ze halen an eng propper Comptabilitéit ze féieren.

Rapport Etablissements Publics - Reportage Maxime Gillen

Wat d'Bedruchsaffär beim Fonds du Logement ugeet, wou eng 800.000 Euro op e falsche Kont iwwerwise goufen, gouf et eng interessant Erkenntnis. Der Cour des Comptes no, wieren d'Leit vum Fong vun der Bank gewarnt ginn, dass bei dëser Transaktioun eng Rei Alarmklacke lassgaange wieren. Ma déi zoustänneg Persoune beim Fong hunn sech iwwert dës Warnung ewechgesat an den Uerder ginn, dës Virementen awer ze maachen.

Der CSV-Deputéiert Diane Adehm no, ass net ausgeschloss, dass déi Affär nach Konsequenze fir déi concernéiert Persoune kéint hunn: „An do hu mer elo d'Cour des comptes gefrot, dass si dat doten nach eng Kéier sollen nosichen. Si solle kucken, wat si do opgedeckt hunn. A gegebenenfalls si mer der Meenung, dass dat awer och vläicht misst iergendwou weider gereecht ginn, well do ass jo awer eng Enquête gemaach ginn asw."

An Tëschenzäit konnte ronn 675.000€ erëm recuperéiert ginn.

E weidere Punkt aus dem Rapport erausgepickt ass dee vun engem fréieren Direkter, dee finanziell schéngt nawell gutt ewechkomm ze sinn. Heibäi geet et ëm e Staatsbeamten, dee Congé sans solde hëlt fir als Direkter vun der Coque ënnert dem Statut vum Salarié ze schaffen, well dat fir hien finanziell méi attraktiv ass. Nodeems säi Congé sans solde eriwwer war, ass hien dunn awer als Fonctionnaire op der selwechter Positioun bliwwen. Fir d'Differenz an der Pai auszegläichen huet hien iwwer Joren eng zousätzlech Primm kritt. Ob dat esou richteg ass, doriwwer gëtt zanter Joren diskutéiert, ma rezent huet eng Drëps d'Faass iwwerlafe gelooss.

An zwar goufen nach eng Kéier ronn 44.000 Euro iwwerwisen, fir Charges sociales ze bezuelen. E komplett absurde Virgank, fënnt den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement: „E fréieren Direkter huet als Staatsbeamten net an d'Pensiounskeess abezuelt, deementspriechend huet hien och keng Sue misse kréien als Part patronales, fir anzebezuelen.“

Eppes steet fir déi Deputéiert awer fest: Et kann een net dat Bescht aus béide Systemer hunn. Entweder eng gedeckelt Pensioun an dofir eventuell méi Pai oder e gedeckelte Salaire an dofir um Enn vläicht eng besser Pensioun.

Am Rapport vum Rechnungshaff sinn iwwerdeems just 4 vun 13 Etablissements publics ganz ouni Commentaire ewech komm.

Back to Top
CIM LOGO