Dat op der Aire vu Waasserbëlleg oder där vu Berchem.
Et war e Mëttwoch de Moien definitiv een ongewinnte Bild op de meeschten Autobunnen. Et ass ee sech bal virkomm wéi sonndesmoies fréi därmoosse wéineg Trafic war géint 8 Auer zum Beispill op der Escher Autobunn Richtung Stad kuerz virum Zéissenger Kräiz. Op de grouss Tankstelle war do schonn een anert Bild.
Lëtzebuerg ass nun emol een Transitland. A wa wéinst Glatäis d’Camionen a Frankräich respektiv an Däitschland net méi dierfen zirkuléieren, dann huet dat Repercussiounen op eisen Autobunnsreseau. D’Camione goufe gezwongen, op zum Beispill der Aire de Berchem Richtung Stad ze waarden. Do stounge se dann och zu ëm déi 250 där décker Maschinnen. D’Aire de Berchem war struppevoll. Gedold war gefrot.
Et ware Camionneuren aus quasi allen europäesche Länner. Déi mannst waren am Virfeld informéiert ginn.
Fir eng däitsch Koppel, déi mat Roulotte ënnerwee op Köln war, gouf et och eng béis Iwwerraschung. Se haten op der Aire de Berchem stallgehalen, fir en Tëmpchen ze halen, fir dann e Mëttwoch de Moie weiderzefueren.
Kuerz no 12 Auer hunn d’Autoritéiten a Frankräich de Camionstrafic nees fräi ginn, wéi um Drëpsenzieler sinn och déi geplote Chaufferen op der Aire de Berchem an op anere Plazen erléist ginn.
Fir d’Camionneuren, déi fir e Patron ënnerwee waren, war et just verlueren Zäit. Déi, déi op sech fueren, hu Geld leiegelooss.
Dat dierft och zolidd de Fall beim Ëmsaz op den Autobunns-Statioune gewiescht sinn. Do wollt ee sech awer net äusseren.
Den C02-Bilan dierft katastrophal ausfalen, well bei där Keelt d’Motoren hu misse lafen, fir d’Heizung an de Kabinnen an d’Killaggregater.