
Wann d'Restauranten zou sinn a keng Evenementer organiséiert ginn, leit net nëmmen den Horeca-Secteur, mä och all déi déi hir Wueren un d'Etablissementer liwweren, wéi zum Beispill d'Wënzer.
Déi éischt Méint vun der Pandemie wiere besonnesch schwéier gewiescht, esou de Josy Gloden, President vu Vinsmoselle. No der éischter Well hätt d'Lag sech fir d'Wënzer awer gebessert.
Josy Gloden: Iwwer de Summer ass et bësse besser gaangen, wou d'Leit erëm konnten erausgoen, op den Terrasse sech beweegen, an der Gastronomie sëtzen an och doheem konnte feieren, ech mengen do ass dann och erëm Wäi gedronk ginn.
Mä och de Summer war net ideal, well och do nach keng Fester organiséiert goufen. Dat mierken d'Wënzer besonnesch an de Verkafszuele vum Cremant, déi nach méi gefall sinn, wéi déi vum Wäin. D'Situatioun wier net einfach, mä awer och net fatal.
Josy Gloden:Bis elo gleewen ech kaum, dass elo d'Wënzer faillite maachen, oder esou séier faillite maachen. Ech mengen all Wënzer huet, wéi esou iwwerall, bësse seng Reserven. Et ass net, dass de Secteur guer net méi leeft, e geet just net grad esou gutt wéi elo an normalen Zäiten.
Ee Liichtbléck awer ass fir de Josy Gloden den Online-Verkaf. Do wieren d'Verkafszuele staark an d'Luucht gaangen, besonnesch vun der Privatclientèle.
Josy Gloden:Mä, soen ech awer och, dat kompenséiert net dat, wat mir op anere Plaze verluer hunn, wéi am Evenementiel oder och am Horesca-Beräich.
Nodeems de Maacher Wäimaart d'lescht Joer ganz ausgefall ass, gëtt en dëst Joer online organiséiert. En ass u sech e festen Datum am Kalenner vu Wäikenner an déi éischt Occasioun, fir den neie Wäi vum leschte Joergang ze schmaachen. D'Domaines Vinsmoselle ass ee vun 23 Betriber, déi do matmaachen. D'Wënzer erzielen a Videoen iwwer hire Betrib an hir Produiten, an d'Leit kënnen de Wäin oder Cremant online bestellen an doheem drénken. Bleift nach d'Fro, wat d'Roll vun der Wäikinnigin ass, wa keng Fester sinn?
Josy Gloden:Eis Wäikinnigin an eis Rieslingskinnigin si momentan e bëssen am Chômage, am Chômage partiell. Well si kënne jo net offiziell optrieden. Si vertrieden de Lëtzebuerger Wäin am Häerz a si mussen en da selwer doheem drénken.
D'Vinsmoselle hofft, datt déi oppen Terrassen och e positiven Effekt op hir Verkafszuelen hunn.
