
Änlech wéi eng Petitioun et fuerdert, déi bis ewell gutt 4.800 mol ënnerschriwwe gouf.
Ënner anerem sollen d’Covid-Mesuren evaluéiert ginn, d’Effizienz, d’Verhältnisméissegkeet an d’wëssenschaftlech Begrënnung, sou d’Patientevertriedung.
Da sollen awer och de staatlechen Ëmgang mat Donnéeën, de System mat de QR-Coden an d’Kommunikatioun vun de Corona-Zuele réckwierkend analyséiert ginn.
An engem oppene Bréif un de Premier Xavier Bettel, d’Regierung an d’Chamber fuerdert déi genannt ASBL fir zukünfteg Virus-Pandemië systematesch Autopsien. Bei Injektioune mat mRNA-Vaccine missten d’Patiente besser informéiert ginn a méi kloer awëllegen.
Virun allem verlaangt d’Patientevertriedung Moossnamen a finanziell Indemnitéite fir Patiente mat Impfschied.