2 Petitiounen hunn de Seuil erreechtEt gëtt ënnert anerem eng Maximal-Unzuel u Schüler an der Grondschoul gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Zwou Petitiounen hunn den néidege Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëften erreecht, déi et brauch, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
© RTL

Engersäits déi, déi fuerdert, dass d’Unzuel u Schüler pro Klass an der Grondschoul op maximal 16 Kanner soll reduzéiert ginn.

An anerersäits déi, déi eng onofhängeg Enquête-Kommissioun freet, déi Conclusiounen iwwert den Handling vun der Corona-Pandemie soll zéien.

Béid Petitioune si nach siwen Deeg laang online.

Weider dräi Datumer si scho fix, wou en Debat iwwert eng Petitioun wäert sinn, dat am Laf vum Mäerz an Abrëll. Diskutéiert ginn do den Zougang zu IRMen a Scanneren, d’Recht op d’Bezuele mat Boergeld an en Ofschafe vun der Klappjuegd.

E Mëttwoch ass déi parlamentaresch Petitiounskommissioun iwwerdeems nees beieneen. Ganzer 50 nei Demandë gëtt et, déi vun den Deputéierte wäerten analyséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO