
Dat, fir datt d’Onreegelméissegkeete behuewe ginn. Eng verdéift Kontroll wier der Ministesch Taina Bofferding no awer net néideg gewiescht.
D’Ministesch seet sech interpelléiert iwwer déi rezent Pressnouvellen ëm eng schlecht Gestioun bannent de SIGI-Strukturen. Nouvellen, déi et zanter Joren ëmmer nees ginn an déi och d’Gewerkschaft FGFC rezent nach op de Plang geruff hat, nodeem an Artikele bei Reporteren entspriechend Reprochen ze liese waren.
Duerfir hat sech d’Taina Bofferding och mam Büro vum SIGI gesinn - an der Suite gouf och decidéiert, souwuel intern Auditte wéi och eng extern Enquête ze lancéieren - hei geet et ëm d’Reprochë vu Mëssmanagement, dem soziale Klima an der Transparenz beim Gemengesyndikat, deen den informatesche Reseau vu quasi alle Gemengen am Land geréiert.
Dës Prezisioune liwwert d’Inneministesch op eng parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierte François Benoy.