
Am Lycée zu Bouneweg gëtt et Problemer. Besonnesch bei Schüler mat problemateschem Behuelen misst ee kloer Reegelen hunn. Déi géifen awer am LTB feelen.
Direktioun a Léierpersonal ginn also am Lycée zu Bouneweg net gutt eens. Et gouf eng Krisesëtzung mam Chef de cabinet aus dem Educatiounsministère Lex Folscheid, mat Vertrieder vum SEW a vun der Direktioun. Et gëtt d’Gerücht, d’Direktioun wär ofgesat ginn. Dat wär awer net de Fall, heescht et aus dem Ministère. D’Direktesch hätt scho viru Méint an onofhängeg vun den aktuelle Problemer annoncéiert, si wéilt sech berufflech nei orientéieren a lo géif een eng Léisung sichen.
Ënnert anerem géif wéinst der Organisatioun vun de “Retenuen” gestridde ginn, sou d’Tageblatt. Als Enseignant muss een déi selwer surveilléieren, wann een der decidéiert. An Zukunft soll et do e Rotatiounsprinzip ginn. Méi e klore Kader a Form vun enger neier Charta soll fir de September stoen.