
Tëscht Béiwen a Léifreg war géint 16.30 Auer e Feier op engem Feld, dat selwecht kuerz viru 17 Auer zu Kënzeg.
Zu Wolz gouf et 19.30 Auer e Vegetatiounsbrand an no 22 Auer haten zu Stroossen Hecke Feier gefaangen.
En Accident gouf et dann nach tëscht Haassel an Duelem. Do krute sech zwee Ween ze paken an zwou Persoune goufe verwonnt.
Zu Esch hat et géint 5.30 Auer e Freideg de Moien gebrannt a kuerz drop gouf op enger op enger anerer Plaz zu Esch nach e Cyclist ugestouss a blesséiert.