Dës Zäit huet en Afloss op d’Aarbechtsofleef, mee och op d’Personal gehat. D’ADEM huet dowéinst um Méindeg e speziellen Jobdag fir Patronen a Leit, déi op der Sich no enger Schaff an der Gastronomie oder der Hotellerie sinn, organiséiert.
Un interesséierte Leit huet et jiddwerfalls net gefeelt. Um Parking virum groussen Hotel op der Iechternacher Strooss war keng Plaz méi fräi an och d’Busser, déi bei den Hotel koumen, ware voll. D’Offer ass op fir jiddereen, deen interesséiert ass. Ma 2.500 Leit si vum Aarbechtsamt geschéckt ginn. 40 Stänn presentéieren hir fräi Plazen. Eng Schwieregkeet fir d’Patrone sinn, déi fir de Secteur spezifesch, Aarbechtszäiten. Virun allem fir elengerzéiend Elteren ass weekends oder owes schaffen dacks net méiglech.
No der Pandemie hu sech vill Leit anescht orientéiert, esou d’Pia Dentzer, vun engem Restaurant zu Biereng. D’Ekipp sicht scho méi laang no engem Sous-Chef. Et géing een natierlech versichen, de Leit entgéintzekommen, ma owes oder weekends zou maache wier, deemno wou de Restaurant am Land läit, einfach net méiglech. Weekends gi gäre méi grouss Familljefester gefeiert, do kéint een net einfach zou maachen.
D’Aarbechtssich am Secteur ass op béide Säite keng einfach, dat gesäit och d’ADEM, esou de Laurent Peusch. Ma allgemeng géing sech de Secteur un d’Demande upassen, fir weiderhin dat néidegt Personal ze fannen. Eng Hürd wier awer dacks och d’Formatioun. Gesicht ginn nämlech ëmmer méi ausgebilte Leit. Wien zum Beispill am Ausland schonn Erfarung an der Gastronomie sammele konnt, huet et hei am Land net onbedéngt méi einfach, eng passend Plaz ze fannen. Déi Erfarung huet eng Fra aus Portugal gemaach, mat där mir geschwat hunn. Si wéilt gären eng Ausbildung maachen, huet awer d’Gefill, dass d’Patronen net oppen dofir wieren.
Fir eng Formatioun direkt am Betrib hätt een d’Kapazitéiten net, confirméiert de Yannick Heckel, Produktiounsdirekter vun enger Bäckerei. Déi intern Handgrëffer géingen d’Mataarbechter natierlech gewise kréien, mee d’Basis-Formatioun als Patissier zum Beispill muss d’Persoun matbréngen.
Et feelt effektiv un enger Formatiounskultur, fënnt och den Alain Rix, President vun der zoustänneger Federatioun HORESCA. Fir Quereinsteiger ginn et Formatioune vum House of Training oder och vun der HORESCA selwer, präziséiert den HORESCA-President. Ma d’Ausbildung an de Betriber selwer wier e Volet, dee méi kéint ausgebaut ginn. Eventuell kéint doduerch méi einfach Personal fir de Secteur fonnt ginn.