
Och nom 1. Abrëll schéngen sech Leit e Spaass draus ze maachen, fir bewosst falsch Meldungen an den Ëmlaf ze bréngen. Och dës Kéier ass et nees eng Fake-News iwwert d'Reprise vun der Schoul zu Lëtzebuerg.
An engem zimmlech schlechte Fake vum RTL-Ticker (Den Datum gëtt an eisem Ticker net esou ugewisen) gëtt gemellt, dass d'Schoul bis 2021 net méi wäert opgoen. Dëst ass selbstverständlech net wouer an ass och net vun RTL esou kommunizéiert ginn. Och den Educatiounsministère huet dëst a kenger Form esou gesot.