StatecOp den 1. Dezember ass keng Indextranche fälleg

RTL Lëtzebuerg
Op Twitter huet de Statec erkläert, datt d'Estimatioune géife weisen, datt d'Präisdeierecht net héich genuch war.

De Statec huet um Freideg de Moie matgedeelt, datt eng 1. Estimatioun vum Präisindex fir den November keng Hausse vun de Paien a Pensiounen ëm 2,5% fir den Dezember mat sech bréngt.

Hei am Land klamme jo d'Léin an d'Pensiounen automatesch ëm 2,5%, wann d'Präisser am Indexwuerekuerf ëm 2,5% zougeluecht hunn.

Op den 1. Januar kënnt awer warscheinlech déi nächst Indextranche, sou de Statec. Also 2,5% méi Pai oder Pensioun.

Déi lescht Indextranche gouf et am August d'lescht Joer.

"Début novembre, le STATEC a également procédé à une révision à la baisse de ses prévisions d’inflation pour le Luxembourg et table désormais sur une hausse de 1.7% pour 2019 et 1.6% pour 2020. Selon le Flash estimatede l’indice des prix pour novembre (publié le 29.11), la moyenne semestrielle (873.93 en base 1948) ne dépasse pas encore la cote d’échéance de la prochaine tranche indiciaire (873.94). L’indexation n’est donc pasdéclenchée ce mois-ci, mais très probablement au mois de décembre 2019"

PDF: Konjunkturflash vum Statec

Back to Top
CIM LOGO