
Geschitt war dat Ganzt matten am Moiestrafic, wouduerch et do dunn en zolitte Stau gouf. Éischten Informatiounen no hat den Auto virum Camion 2 mol ganz abrupt gebremst, wouduerch de Camionschauffer eng Vollbremsung huet musse maachen.
Obwuel d'Charge korrekt geséchert war, sinn e puer Bamstämm vum Unhänger gerutscht an hunn d'Strooss blockéiert. Fir déi nees opzelueden, huet nawell eng Zäitche gedauert, wärend där och keen Automobilist konnt op d'Pompelstatioun fueren. Géint 9.15 Auer war d'Strooss nees geraumt.
Beim Tëschefall gouf kee blesséiert.