Wéi de CGDIS mellt, koum et en Dënschdeg kuerz no 22 Auer tëscht Rëmerschen a Schwéidsbeng zu engem Wëldaccident. Eng Persoun gouf blesséiert.
Update: 15.12.2025 11:31
Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Schengen an eng Ambulanz vu Réimech. Zwee kleng Bränn mellt de CGDIS dann nach an der Nuecht op e Mëttwoch. Zu Esch hat géint 2.30 Auer Kartrong Feier gefaangen. Eng Stonn méi spéit huet zu Schëffleng Dreck gebrannt.