An der StadOp engem Schantje gouf Knascht an d'Péitruss lafe gelooss

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf et d'lescht Woch e Mëttwoch e Fall vu Verschmotzung an der Péitruss op der Héicht vun der Rue de la Vallée an der Stad.
© VDL

D'Verknaschtung konnt bis bei e Schantje bei der Kräizung Rue Baudouin-Route d'Esch zeréckverfollegt ginn. Mat Hëllef vun engem Schlauch, deen un eng Pompel ugeschloss war, gouf do Knascht a Bëtong an e Kanal geleet.

Déi zoustänneg Autoritéite vun der Stad Lëtzebuerg an d'Waasserwirtschaftsamt goufen informéiert an déi néideg Mesurë geholl. D'Police huet protokolléiert.

Schonn Uganks Oktober war d'Péitruss op där selwechter Plaz verknascht ginn.

Back to Top
CIM LOGO