CGDISOp enger Partie Plazen huet et en Dënschdeg uechter d'Land gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Op der Nacherstrooss beispillsweis huet e Feld gebrannt.
© CGDIS-Archiv

Dat selwecht war de Fall tëschent Heischent an dem Heischtergronn. Zu Schëffleng am Val den Aulnes gouf et e Vegetatiouns-Brand. Zu Mäertert, Diddeleng an Ëlwen hunn all Kéier Containere gebrannt. Dann notéiert de CGDIS nach en Accident tëscht Fëschbech an Ischpelt. Géint 14 Auer ass do en Auto bäigaangen. Zwee Leit goufe verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO