CGDISOp ville Plazen huet et wéinst den héijen Temperature gebrannt

David Winter
Wéi den 112 awer betount, wier keng Persoun bei dëse Virfäll zu Schued komm.
© RTL Archiv

Géint 11 Auer e Samschdeg de Mueren huet en Auto zu Éinen Feier gefaangen, kuerz virun 12 Auer war et zu Manternach wou Feier op Schinne gemellt gouf.

Zu Téiteng am Doemptchesgronn gouf et e Feier an engem Bësch, dat géint 12 Auer.

Um 13 Auer war et dann zu Stroossen wou en elektreschen Apparat gebrannt huet, 40 Minutte méi spéit goufen d'Pompjeeën op Diddeleng op e Brand geruff.

Um Kuerz viru 15 Auer waren d'Rettungsdéngschter am Rollengergronn wéinst engem Brand an um 15.40 Auer hat eng Gasfläsch zu Wolz an der rue Joseph Simon Feier gefaangen.

Wéi gesot, kengem Mënsch ass eppes bei dëse Virfäll geschitt.

Back to Top
CIM LOGO