Esch/UelzechtOpen-Air-Ausstellunge vum Resistenzmusée geklaut

RTL Lëtzebuerg
De Musée national de la Résistance deelt mat, dass d'Ausstellungen "Aristides de Sousa Mendes“ a „Portugal et Luxembourg" geklaut goufen.
© RTL-Archiv

Geschitt ass de Virfall en Donneschdeg, den 11. Juni géint 14 Auer. Béid Ausstellunge waren op der Brillplaz (Place de la Résistance) ze gesinn, goufe vun enger onbekannter Persoun ofgeriicht an an enger wäisser Camionnette matgoe gelooss.

Informatioune kënne via Mail (info@mnr.lu) oder Telefon (54 84 72) matgedeelt ginn.

De Musée léisst donieft wëssen, dass een d'Ausstellungen nei drécke léisst, fir se esou séier wéi méiglech nees opzeriichten.

Communiqué

Le 11 juin vers 14h, les expositions « Aristides de Sousa Mendes » et « Portugal et Luxembourg », qui étaient montées sur la Place de la Résistance (Place du Brill), ont été démontées et emportées par une personne inconnue dans une camionnette blanche. Si vous avez la des informations, veuillez s'il vous plait nous envoyer un mail (info@mnr.lu) ou nous téléphoner (54 84 72).

Merci !

Nous allons réimprimer l'exposition et la rendre accessible dans les meilleurs délais.

Back to Top
CIM LOGO