
Bei enger Persoune-Kontroll en Dënschdeg de Mëtteg op der Place de la Résistance zu Esch, ass der Police bei der Iwwerpréiwung opgefall, dass e Mann wéinst juristesche Geldstrofen, déi net bezuelt goufen, national gesicht gouf.
Well de Mann déi oppe Rechnungen net bezuele konnt, gouf de Parquet informéiert. D'Persoun koum doropshin op Schraasseg an de Prisong.