Reaktiounen op Energie-SpuercampagneOppositioun a Gewerkschafte vermësse konkret Aussoe vun der Regierung

Fanny Kinsch
En Donneschdeg de Moie gouf am Energieministère déi national Energie-Spuercampagne presentéiert. D'Gewerkschaften an d'politesch Oppositioun hu reagéiert.
© Shutterstock

RTL-News: Keng Entwarnung vum Claude Turmes - Energie-Spuercampagne: “Zesumme spueren - Zesummenhalen”

Reaktioune vun der Oppositioun

Reaktiounen op Energie-Spuercampagne - Oppositioun
En Donneschdeg de Moie gouf am Energieministère déi national Energie-Spuercampagne presentéiert. D’politesch Oppositioun huet reagéiert.

Reaktioun vun de Piraten

D’politesch Oppositioun reagéiert skeptesch - et hätt ee wéineg Konkretes héieren, sou de Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

Wat se de Gemenge proposéieren, dass se elo emol do einfach nëmmen d’Budgete kucken - d’Budgete muss ee wëssen, dat gëtt e Joer duerno gekuckt. Do versprieche mer eis net vill. Allgemeng koum de Moien net genuch Konkretes, fir eben de méigleche Fall vun engem Black-Out herno ze evitéieren, et ass jo deen, wou herno um Spill hei steet. Wa mir et elo net hikréien, fir genuch Stroum ze spueren, genuch Stroum dotëscht iergendzwousch ze späicheren oder nei hierzekréien, da gi mer iergendeng Kéier an dee Black-Out. An ech hunn am Moment net d’Gefill, wéi wann d’Regierung sech deem iwwerhaapt bewosst wier an déi néideg Schrëtt ënnerhëlt.

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen

D’Pirate géingen och net verstoen, firwat net virgesinn ass, dass d’Leit kënne vun doheem aus schaffen, da missten hir Büroe guer net gehëtzt ginn.

Reaktioun vun der CSV

D’politesch Oppositioun vermësst allgemeng konkret Usoe vun der Regierung. An der zoustänneger Chamberkommissioun hätt een och keng Erklärunge kritt, wéi et mat der Energiesécherheet géing ausgesinn, sou den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth. Datt den Energieminister Claude Turmes op der Pressekonferenz den Donneschdeg de Moie sot, d’Oppositioun hätt polizeistaatlech Mesurë proposéiert, kann den Deputéierten net novollzéien.

Ech hunn dat héiere bei Iech an der Pressekonferenz, ech war och an der Kommissiounssitzung de Moien dobäi, da mengen ech, dass den Här Turmes a mir als CSV an enger anerer Sitzung waren an do seet een ëmmer “Man nenne Ross und Reiter”, an dat ass dat, wat ech un den Här Turmes zréckginn. Ech mengen, d’CSV huet eng Rei vu Froe gestallt, déi berechtegt waren, et war och déi, wéi ass de Stroumpräis längerfristeg garantéiert. Ech stelle just fest, dass et op déi Froe keng Äntwerte goufen. An ech mengen, wann den Här Turmes sou eng Uschëllegung mécht, ech weess elo net, ob et vis-à-vis vun der CSV war, mee ech ginn dovun aus, “polizeistaatlech Mesuren”, da soll en dat och virun der Ëffentlechkeet erklären.

Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth

Reaktioun Déi Lénk

Och fir déi Lénk misst d’Ënnerstëtzung fir d’Stéit direkt kommen. D’Regierung géing et dem Zoufall iwwerloossen, ob gespuert gëtt oder net, sou de Spriecher vun déi Lénk, de Gary Diderich.

Wat de Minister mécht, dat ass, en erzielt de Leit, wéi se solle kachen a wéi se sech sollen d’Hänn wäschen. Ob se dat maachen oder net, beaflosst hien net mat där do Campagne, well et ass näischt Neies an där Campagne dran. Wat et éischter brauch, dat ass kloer Reegelen, Zilsetzungen, dat kann en Tempolimitt sinn, dat ka sinn, dass d’Industrie gesot kritt “dir dierft nëmmen nach esou vill an deene Secteure verbrauchen”, mëttel- a laangfristeg Ziler, un déi jidderee sech kann halen.

De Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich

Reaktioun vun der ADR

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hält déi vun der Regierung annoncéiert Spuermesurë sengersäits fir iwwerflësseg."Dat Wichtegst, wat ee muss an dëser Situatioun soen, ass, datt dat do jo eng hausgemaache Kris ass, dat ass eng eegeverschëlte Kris, déi mer als Westen, als europäesch Unioun provozéiert hu géintiwwer oniwwerluechten Energie-Sanktioune géintiwwer Russland. Dat heescht, de Minister wëll elo, dass mer zesummenhalen, zesumme spueren, awer d’Finalitéit vun deem Ganze muss ee sech jo och froen, wouhinner féiert dat, ech mengen, wat ass dann elo wierklech d’Aussiicht fir d’Lëtzebuerger Ekonomie fir iwwert déi nächst Méint ewech.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser

Reaktioune vun de Sozialpartner

Reaktiounen op Energie-Spuercampagne - Sozialpartner
En Donneschdeg de Moie gouf am Energieministère déi national Energie-Spuercampagne presentéiert. D’Gewerkschaften hu reagéiert.
Reaktioun vun der CGFP

Wéineg Konkretes an zum Deel och Kontradiktoresches - dee Bilan zitt de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff no den Annoncë vun der Regierung.

Mir kréien op där enger Säit gesot, d’Gasspäichere wiere gutt gefëllt, mee op där anerer Säit gëtt gesot: keng ze fréi Entwarnung. An do mengen ech, entweder et si genuch Reserven do oder eben net. An dann ass natierlech och nach interessant ze gesinn, dass elo d’Regierung dës Froen elo eréischt opwerft. Anerer hunn dat effektiv schonn éischter gemaach.

De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff

De CGFP-Chef huet iwwerdeems bedauert, datt d’Gewerkschaft net consultéiert gouf.

Reaktioun vum OGBL

Deem schléisst sech de Jean-Luc de Matteis vum OGBL un: d’Patronatsvertrieder hätten de ganze Summer iwwer schonn iwwer Mesurë kënne schwätzen, d’Vertrieder vun de Leit, déi schaffen, awer net. Zesumme spueren, wier jo gutt, mee spueren, géing awer net fir jiddereen dat selwecht heeschen.

Et muss een oppassen, wa mer soe 15 Prozent Energie spueren, dat ass schéin a gutt, mee fir eng Persoun, déi an engem A++ Haus mat Photovoltaik-Anlag, mat super Isolatioun, mat super Fënsteren ass dat méi einfach wéi eng Persoun, déi an enger Passoire thermique wunnt, wou den Dag net isoléiert ass, wou d’Fënsteren net isoléiert sinn a wou da sou wéi sou de Grondverbrauch un Energie vill méi héich ass fir ze hëtzen. Mir schwätzen hei vun 20 Grad, fir d’Gebaier ze hëtzen, déi Leit, déi musse scho ganz vill Energie verbrauchen, fir iwwerhaapt op 20 Grad ze kommen.

De Jean-Luc de Matteis vum OGBL

Reaktioun vum LCGB

Den LCGB da weist sech éischter zefridden - et wier gutt, datt elo emol op Fräiwëllegkeet a Sensibilisatioun gesat gëtt, sou de Christophe Knebeler, bäigeuerdente Generalsekretär vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

Back to Top
CIM LOGO