Um DonneschdegOptakt vun der 37. Studentefoire um Belval

Claudia Kollwelter
Bei 120 nationalen an internationalen Exposanten kréie Schüler hir Froe beäntwert, iwwert e méigleche Studium, d'Studenteliewen a Beruffsperspektiven.
Schüler kréie vill Informatiounen op der Studentefoire
Bei 120 nationalen an internationalen Exposanten kréie Schüler hir Froe beäntwert, iwwert e méigleche Studium, d’Studenteliewen a Beruffsperspektiven.

De Gros vun de Visiteuren sinn 2iemes a 1erers Schüler, déi ënnerschiddlech Virstellungen vun hirer Zukunft hunn an deementspriechend och mat ënnerschiddleche Froen op d’Foire komm sinn.

Studentefoire 2023 - Reportage Claudia Kollwelter

Nieft den Stänn sur Place gëtt et zanter Covid och eng interaktiv Plattform, wou d’Schüler sech also online informéiere kënnen. Do sinn zousätzlech 90 Exposanten present.

Um Donneschdeg waren dann och Konferenzen um Belval, déi sech haaptsächlech ëm den Enseignement, d’Gesondheetsberuffer an d’Karriären beim Staat gedréit hunn. Den Tom Wenandy vum Héichschoulministère ass ee vun de Coordinateure vun der Foire a betount, datt déi 3 Beruffssparten aus Erfarung déi sinn wou déi Jonk sech am meeschte Froen dozou stellen, awer net just: Wat zougeholl huet ass dat Schüler sech froen wou se mat engem Lëtzebuerger Diplom ugeholl ginn, op de Studium dono hei unerkannt gëtt, wat d’Prozeduren an den eenzelen Schoulen a Länner sinn fir sech unzemellen. Déi hu heiansdo bëssen variéiert.

D’Studentefoire um Belval ass en Donneschdeg den Owend bis 19 Auer op an e Freideg vun 9 bis 17 Auer.

Back to Top
CIM LOGO