Bilan OuschtervakanzOptimismus bei de Jugendherbergen am Land

RTL Lëtzebuerg
D'Zil vu Jugendherbergen ass et, Leit aus der ganzer Welt zesummen ze bréngen an hinnen eng méi gënschteg Vakanzenalternativ ze bidden.
Optimismus bei den Jugendherbergen am Land
D'Zil vun Jugendherbergen ass et, Leit aus der ganzer Welt zesummen ze bréngen an hinnen eng méi gënschteg Vakanzenalternativ ze bidden.

9 där sougenannter „Youth Hostels“ ginn et zu Lëtzebuerg, een dovunner ass zu Iechternach. Och wann déi grouss Kloterwand den Ament zou ass, hunn awer e puer Leit an der Vakanz do iwwernuecht. An och hei huet een e schwéiert Joer 2020 hannert sech.

An trotz de ville Rees-Restriktiounen a ganz Europa konnt een elo an der Ouschtervakanz nees méi Clienten empfänken. An déi koume virun allem aus Lëtzebuerg. Elo hofft een, dass déi nächste Méint d'Situatioun erëm e bëssen méi normal gëtt.

Back to Top
CIM LOGO