Paulette Lenert am RTL-InterviewOptimistesch, dass aktuell Mesuren duergi géint Omikron-Variant

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetsministesch bleift weider optimistesch, datt déi aktuell Coronamesuren a priori duerginn, fir déi nei Infektiounswell gedrosselt ze kréien.
Omikron suergt fir Héchstwäerter zu Lëtzebuerg
Omikron ass am Grand-Duché ukomm an d‘Fallzuele sinn och bei dene geimpften héich.

Dat sot d’LSAP-Politikerin e Freideg de Moien am RTL-Interview. Eng gesetzlech Verschäerfung zum Beispill vum annoncéierte CovidCheck op der Aarbecht ass einstweilen net geplangt. “Den 3G wier schonn net näischt”. Sollt sech rausstellen, datt Omikron awer méi krank mécht wéi et den Ament ausgesäit, kéinten zousätzlech Restriktioune kommen.

Extrait Paulette Lenert

D’Paulette Lenert seet, si wier net iwwerrascht driwwer, datt och hei am Land d’Infektiounszuele vun engem Moment op deen Anere därmoossen erop ginn. Dat wier deen Zenario, op deen ee sech mam neie Covid-Gesetz, dat Helleg Owend gestëmmt ginn ass, virbereet hätt. Am Laf vun den nächsten Deeg kéint d’Regierung eng Decisioun driwwer huelen, ob d’Isolatiounszäit bei der Omikron-Variant eventuell erof gesat gëtt. Grad mam Omikron wier den Isolement, wann ee positiv getest ass, awer méi wichteg wéi jee, betount d’Ministesch. Wa Leit mat hirem Patron en Arrangement fannen, fir an der Isolatioun Homeoffice ze maachen wa se net weider krank sinn, dogéint wier näischt ze soen. Donieft géifen d’Experten och drop schaffen, wéi ee mat deene Leit ëmgeet, déi zwee Mol geimpft sinn a sech elo mat Covid ugestach hunn.

Ee Moyen géint d’Verbreedung vum Omikron ass jo d’Impfung an de Booster. Den Ament trëppelen déi éischt Dosissen nach ëmmer op der Plaz. D’lescht Woch si sou wéineg Leit eng éischte Kéier geimpft ginn wéi zanter Enn November net méi. An dat trotz verschäerfte Mesuren. Firwat kënne mer net nach méi séier beim Vaccin virukommen? Dat wier manner eng Fro vu Personal, däers wier genuch do, mä éischter vu Kapazitéite vum Impfstoff. Dee wier den Ament limitéiert, sou d’Paulette Lenert. Et géif een dowéinst den Ament och no Prioritéite fueren. No Vulnerabilitéit, Alter an no Delai. Am Januar geet den Delai par Rapport zu der leschter Dosis jo u 5 op 4 Méint erof. Dës Woch hätt een awer och mat den Experten driwwer geschwat, fir schonn no 3 Méint eng weider Kéier z’impfen. Fir Diskussioune suergt den Ament jo de Fait, datt Jonker ënner 18 nach kee Booster kënne kréien.

Déi Gréng, d’CSV an d’Piratepartei hu parlamentaresch Froen zum Impakt vun der 2G+-Reegel op déi Mannerjäreg gestallt, fir gewuer ze ginn, wat d’Regierung wëlles huet fir dëser Benodeelegung entgéintzewierken an ob och Jonker ënner 18 Joer geschwë geboostert kéinte ginn.

Omikron Aschätzung vu Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO