EtüdOuni Naturalisatioun wieren d'Wieler hei am Land an der Minoritéit

Fanny Kinsch
Ouni d'Reforme bei den Naturalisatiounen hätten haut manner wéi d'Hallschent vun den Awunner d'Walrecht.
© RTL Archivbild

Dat ass eng Conclusioun vun enger Etüd op Basis vum Recensement vum Statec an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an dem Fuerschungsinstitut Liser. Just knapp d’Hallschent vun de Lëtzebuerger Residente sinn hei am Land gebuer.

Den Undeel u Lëtzebuerger, déi op d’mannst een Elterendeel hunn, deen zu Lëtzebuerg gebuer ass, louch beim leschte Recensement bei knapp 47, elo nach bei 37 Prozent. An där Zäit ass awer d’Zuel un Éischt-Generatioun-Lëtzebuerger, notamment duerch d’Reform vun 2017, staark geklommen.

De Louis Chauvel, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg:

“On a un pays qui a été capable d’absorber par la migration un certain nombre de migrants qui, attachés au pays, ont pu ainsi devenir électeurs aux dernières élections et ça assure effectivement certainement une forte stabilité de la démocratie.”

D’Fuerscher hu sech och domat beschäftegt, wéi vill Leit no fënnef Joer d’Nationalitéit unhuelen. Knapp 60 Prozent vun den auslännesche Bierger wieren deem Krittär no eligibel, hätten d’Nationalitéit awer net geholl. Dat wiere virun allem EU-Bierger, esou d’Aleksandra Szymanska vum Liser.

“Et ass eng individuell Decisioun, et ass schwéier anzeschätze fir eis, mee mir gesinn, datt bei deene Leit déi vu baussent Europa kommen, den Undeel u Leit, déi eligibel sinn, däitlech méi niddereg ass, ongeféier bei 30 Prozent (also méi Leit schonn d’Nationalitéit ugeholl hunn ndlr). Dat heescht et gëtt warscheinlech méi genotzt, wann ee wierklech gezwongen ass, fir méi laang kënnen hei ze bleiwen.”

Back to Top
CIM LOGO