Et muss manner an d'Oprëschten a méi an de Fridden investéiert ginn, esou ee vun den Haaptmessagen e Samschdeg um Ouschtermarsch.
De Cortège goung vum Glacis, duerch d’Groussgaass, bis op d’Place Clairefontaine. Gutt 30 Organisatiounen hu sech um Ouschtermarsch bedeelegt. D’Initiativ ass vum OGBL ausgaangen. Zesumme mat der Friddensplattform gouf dës Maniff organiséiert.
2009 war dee leschten Ouschtermarsch zu Lëtzebuerg, ma elo wär et nees un der Zäit, fir fir de Fridden op d'Strooss ze goen, soen d'Organisateuren.
D'NATO-Membere sollen oprëschten, fuerderen d‘USA. 2 Prozent vum PIB sollen an d'Militär fléissen. Dat wieren 300 Milliarden Euro pro Joer zousätzlech fir déi europäesch Membere seet den OGBL, Suen déi dréngend op anere Plaze géinge gebraucht ginn. Zum Beispill an der Educatioun, am Gesondheetssecteur, fir humanitär Projeten oder fir nei Infrastrukturen ze bauen.
Speziell an den 80er Jore waren d'Ouschtermärsch fir de Fridde grouss Manifestatiounen an dat uechter ganz Europa. Dunn huet de Succès nogelooss. Zu Lëtzebuerg war de leschten Ouschtermarsch virun 10 Joer.
Haut géing et net un aktuellen Theme feele soen d'Organisateuren an duerfir denkt een driwwer no, fir d'Traditioun vun den Ouschtermärsch nees opliewen ze loossen.