Greenpeace a Médecins sans frontières hunn dëst zesummen an engem Communiqué matgedeelt a schaarf kritiséiert. Béid ONGen erënneren drun, datt den Overshoot Day esou fréi am Joer z’erreechen, net just eng Menace fir d’Biodiversitéit an d’Gläichgewiicht vun den Ekosystemer ass, mä och eng direkt Gefor fir d’Gesondheet duerstellt.
Grad zu Lëtzebuerg kënnt den Overshoot Day mam 17. Februar fréi. Just de Qatar (6.2.) ass nach virun eis an, par rapport zu 2024, si mer och nach dräi Deeg méi fréi. “Am Beschten” beim Overshoot Day schneiden dëst Joer Uruguay (17. Dezember), Indonesien (18. November) an Nicaragua (11. November) of. Wéi de Foot Print Network awer präziséiert, si Länner, déi keen Overshoot Day hunn, also wou d’Populatioun net méi consomméiert, wéi u sech fir ganzt Joer fir si do wier, net an der Lëscht opgezielt. Och déi Länner, vun deenen een net genuch Date kritt, fir eng genau Ausrechnung ze maachen, ginn net consideréiert. Am ganze si 86 Länner an der Lëscht mat dran.

Géif all Land esou vill Ressourcë verbrauche wéi mir Lëtzebuerger, hätte mer 2022 déi rezentste komplett Zuelen, déi et fir de Grand-Duché ginn, 7,26 Äerde gebraucht, fir all déi néideg Ressourcen zesummen ze kréien.
Just de Katar huet seng natierlech Ressourcë fir d’Joer méi fréi verbraucht, wéi mir hei zu Lëtzebuerg. Ma wat féiert zu esou engem fréieren Overshoot Day?
Trotz dem ëffentlechen Transport, fir deen een am Bus oder Zuch selwer näischt méi muss bezuelen, gräifen d’Lëtzebuerger léiwer op hiren Auto zeréck, fir vun A op B ze kommen. Dann hu mer am Grand-Duché och am Schnëtt e ganz héijen Energieverbrauch an d’Ernärung vun de meeschte Bierger am Grand-Duché ass staark fleeschhalteg, esou Greenpeace an MSF an hirem gemeinsame Communiqué
Wa jiddereen esou konsuméiere géif wéi mir Lëtzebuerger, bräichte mer iwwer siwen Äerden, fir de Konsum ze decken, kritiséiert den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg Xavier Turquin. “Wärend 2024 dat éischt Joer war, andeem mir offiziell déi 1,5-Grad-Celsius-Grenz vun der Äerderwiermung iwwerschratt hunn, kënne mer elo schonn observéieren, datt d’Mesurë géint de Klimawandel ëmmer méi u Bedeitung verléieren”.
Den Direkter vun MSF warnt, datt eng Klimakris och zu enger Gesondheetskris wäert féieren. Recoltë falen duerch ze wéineg oder däitlech ze vill Reen aus, wat dozou féiert, datt et zu Hongersnéit kënnt an “‘Äerderwiermung féiert zu neie Krankheeten oder zu enger Verbreedung vu Krankheeten, déi mer schonn hunn”. Wéi Otemweeerkrankungen oder Malaria, esou den Thomas Kauffmann. Hie präziséiert dann och, datt et en “Zesummenhang tëscht Ëmweltverschmotzung a Kriibs” gëtt.
Et wier och schonn hei am Land ze gesinn, datt extreem Wiederphenomener zouhuelen an d’Aartevillfalt zeréckgeet. Béi ONGe schaffen och dowéinst un dësem Dossier zesummen, well “et steet esouvill um Spill, datt mer net méi eleng dogéint virgoe kënnen”, präziséiere béid Direkteren. Dowéinst hunn MSF a Greenpeace ënner anerem hei zu Lëtzebuerg eng gemeinsam Internetsäit op d’Bee gestallt, fir de Leit d’Problematik besser weisen ze kënnen.