Am Aldi verkaaftPaangecher wéinst Listerien zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg goufen d'Paangecher an der 600-Gramm-Verpaakung am Aldi verkaaft.
© Liewensmëttelsécherheet

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet en Dënschdeg den Owend matdeelt, ass de Produit “Crêpes au lait frais 10 pièces” vu Cérélia Belgium aus de Regaler geholl ginn.

D’Paangecher mat den Halbarkeetsdatumen 27/08/2022, 30/08/2022, 31/08/2022 an 01/09/2022 kéinte mat Listerie belaascht sinn a sollen dowéinst net consomméiert ginn. Listerien kënne Féiwer, Kappwéi oder souguer eng Mogrippe ausléisen. Schwanger Fraen a Leit, déi gesondheetlech schonn ugeschloe sinn, si besonnesch gefährt.

Back to Top
CIM LOGO