Weltwäit goufe 479.868 Persoune positiv op de Coronavirus getest, an 197 Länner si bis ewell Fäll vum Covid-19 nogewise ginn. Iwwer 114.000 Patiente sinn nees gesond, eng 21.560 Doudesfäll goufe gemellt.
Mir hunn nogefrot a krute Videoe vu Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, erageschéckt. Wéi ass d'Situatioun an hirer Stad? Wéi fillt sech den Alldag bei hinnen un? Temoignagen aus allen Ecker vun der Welt. Opruff: Sidd Dir am Ausland a wëllt eis matdeelen, wéi d'Situatioun bei Iech ass? Da schéckt eng Email op magazin@rtl.lu
D'Martine Greischer lieft zënter 9 Joer an der véiertgréisster Stad vu Bolivien, zu Cochabamba. Hei leet si de Projet "Trabajo Digno - Wierdeg Aarbecht", dee vu Lëtzebuerger ONGe begleet gëtt.
"Am meeschte Suergen hei am Land maache mir déi Leit, déi vun Dag zu Dag liewen. Dat heescht, déi keng Sue gespuert hunn, déi raus op d'Stroosse verkafe ginn, fir ze liewen. Dat heescht, wa si wärend 2 Woche wärend der Quarantän net kënne verkafen, hu se och näischt fir z'iessen."
Den Olivier Klein schafft zënter 6 Joer Hong Kong am IT-Beräich.
"Et ass e bësse speziell hei, well mir hate mat der Covid-19-Situatioun schonn déi lescht 4 Méint ze dinn. Hong Kong war u sech déi éischt Stad, wou déi éischt Infektioun ausserhalb „Mainland" China virgefall ass. D'Stad huet sech säit deene leschte 4 Méint u sech gutt gehalen. D'Aktivitéite si grosso modo normal wiedergaangen. Mir hu knapps iwwert 300 Infektiounen, wat u sech net all ze schlecht ass, vue datt 7,5 Millioune Leit hei wunnen op engem enkem Raum."
De Louis Grün studéiert Geschicht op der Miami University zu Oxford am Bundesstaat Ohio. Nodeems d'Uni wéinst der Corona-Pandemie zougemaach huet, ass hie vum Campus fort a bei Frënn op Cleveland geplënnert.
"D'Leit si bëssen nervös an ugespaant, mä et schéngen awer gutt Precautioune geholl ze ginn hei. Zemools de Gouverneur vun Ohio huet de Leit assuréiert, dass se alles maachen, fir dass d'Leit gesond bleiwen. Massenevenementer am Sport an aner net wichteg Eventer sinn ofgesot, Kinoen zou."
Zënter 2 Joer schafft den Tom Tabouring fir eng grouss Logistik-Firma zu Ho Chi Ming City.
"Hei huet een normalerweis pro Dag dausenden an dausende vu Scooter op der Strooss, Leit dobaussen op den Terrassen an an den Geschäfter. Dat gesäit een natierlech elo och hei manner. Mä wann ech awer elo mat Länner an Europa zum Beispill vergläichen, muss een awer soen, dass hei awer eng zimmlech déck lass ass."