No Kritik vun ADACParkplaze ze kleng an ze enk fir modern Autoen?

Kevin Kayser
Sinn d'Déifgaragen an der Stad oniwwersiichtlech? Dat hat den ADAC 2016 an Europa gepréift a mir hunn eis dat elo 3 Joer dono nach eng Kéier ugekuckt.
Parkplaze ze kleng an ze enk fir modern Autoen?
Sinn d'Déifgaragen an der Stad oniwwersiichtlech? Dat hat den ADAC 2016 an Europa gepréift a mir hunn eis dat elo 3 Joer dono nach eng Kéier ugekuckt.

2016 huet den däitschen Automobilclub a ganz Europa Déifgaragen a Parkhaiser op hir Benotzerfrëndlechkeet getest. Also op d’Parkplaze breet genuch sinn, et Hell genuch an de Garagen ass an op ee mat sengem Auto ouni Problem an d’Garage kënnt. Mir hunn eis 3 Joer méi spéit nach eemol ugekuckt, wat sech verännert huet.

Dräi Déifgarage goufen 2016 zu Lëtzebuerg getest. De St. Esprit, de Knuedler an d’Déifgarage an der Avenue Monterey. Deemools en duerchwuessent Resultat. D‘Tester hu bei all den Déifgaragë monéiert, dass d’Parkplazen ze enk wieren, d’Afaarte schlecht beliicht wieren an d’Foussgänger net virum Verkéier protegéiert wieren.

3 Joer méi spéit hunn mir eis 2 vun deenen 3 Déifgaragen aus dem Test nach emol ugekuckt. Ugefaange mam Parking St. Esprit. Wann ee bis eng Plaz huet, da muss een den Auto als éischt do erakréien. An dat ass guer net esou einfach. D'Plaze sinn zimlech schmuel. Dowéinst recommandéiert den ADAC och, dass d’Parkplazen op d'mannst 2 Meter 50 breet sollte sinn. D’Autoe sinn an deene leschte Joren nämlech am Duerchschnëtt 20 Zentimeter méi breet ginn. War de Golf 1 aus dem Joer 1974 1 Meter 61 ass de Golf 40 Joer méi Spéit schonn 1 Meter 81.

Egal wéie Parkinge mir probéiert hunn, egal op néi oder al. Ëmmer war d’Breet vun de Parkplazen e Problem. Néirens war se méi breet wéi 2 Meter a 35 Zentimeter. An dat ass fir en modernen Auto scho bal ze kleng.

Back to Top
CIM LOGO