Stater GeriichtParquet freet 12 Joer Prisong fir suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen

RTL Lëtzebuerg
De Mann soll dann och net méi mat Mannerjäregen a Kontakt kommen a Schoul halen däerfen. D'Urteel ass fir den 21. Februar.
© RTL Archiv

"De Mann muss sech hëllefe loossen! Et gëtt awer schwiereg, wann en net agesäit, dass en e Problem huet!". Dat sot d'Vertriederin vum Parquet en Dënschdeg den Owend um Stater Geriicht, um Enn vum Prozess géint de suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen. Fir deen huet si um Enn 12 Joer Prisong gefuerdert, dobäi kënnt, dass de Mann net méi mat Mannerjäeregen a Kontakt kommen an net méi Schoul hale soll!

Hien hätt d'Vertraue vu Kanner ausgenotzt, déi mat de Faiten ze kämpfen hätten. Obwuel den Ex-Enseignant en eidele Casier huet, sollt hien awer wéinst der Gravitéit vum Dossier, dem Minimiséiere vun de Faiten an dem Manktem un Asiicht bestrooft ginn.

Parquet freet 12 Joer Prisong: De Reportage vum Eric Ewald

"Dem Prozessexpär no huet de Mann e pedophilen Troubel, ma dee Kärproblem ass net therapéiert ginn. Hie seet, et wär näischt Sexuelles! Mä wat ass et dann? Natierlech ass et dat!", huet d'Vertriederin vum Parquet gemengt. De Film, deen am Verlaf vum Prozess à huis clos gewise gouf, géif alles soen, do wären engem d'Schudderen de Réck erofgelaf.

D'Affär wär op d'Verhale vum fréiere Schoulmeeschter zréckzeféieren, dee bei de Kanner no Zecke gesicht a se dobäi ugepak hätt. Och wann déi verschidden Affer datselwecht ausgesot hätten, wär de Mann am Ufank rose gewiescht iwwert déi Aussoen an hätt erkläert, d'Zeckenënnersichung wär séng Flicht gewiescht. Beim Untersuchungsriichter hätt hien dunn zouginn, déi Ënnersichung als Virwand benotzt ze hunn. Op déi, wéi hie sot, «Bommegeleeënheet», wär hien awer preparéiert gewiescht. Entgéint sénger Meenung, de Kanner net geschued ze hunn, hätt hien déi a Situatioune bruecht, an déi Kanner net dierfte bruecht ginn, sou d'Vertriederin vum Parquet, fir déi de Fait, dass hien als Schoulmeeschter eng Autoritéitspersoun war, eng Circonstance aggravante duerstellt. Mam Affekot vum Ugeklote war si sech doriwwer eens, dass en Attentat à la pudeur vun 2007 verjäert wär, net awer iwwer eng weider psychiatresch Expertise, déi de Me Jean-Luc Gonner gefrot hat. D'Presidentin vum Geriicht hat him geäntwert, et géif een am Uerteel dorop agoen.

Dem Affekot vum Ugekloten no misst een an dësem Fall méi vu Voyeurismus, wéi vun Attentat à la pudeur schwätzen, säi Mandant hätt nämlech d'Absicht gehat, fir d'Kanner ze filmen, an net, fir se unzepaken. Attouchementer géif de Mann dann och bestreiden, hien hätt villméi de Meedercher hire Genitalberäich fir de perséinleche Besoin filmen a fotograféiere wëllen an dat Ganzt net public gemaach. Dofir sollt an den Ae vum Me Jean-Luc Gonner kee Prisong gesprach ginn, wat d'Vertriederin vum Parquet awer ganz anescht gesinn huet.

Den 21. Februar gëtt d'Uerteel gesprach.

De Mann, dee vun 2001 u Schoulmeeschter zu Biissen war, hat ënnert anerem wéinst "Attentat à la pudeur" de Prozess gemaach kritt. D'Faiten, déi him virgehäit goufen, sinn op den Zäitraum tëscht 2003 an 2015 zréckgaangen. Et goufe bei him, op verschiddene Supporten, 7 Filmer a ronn 450 Fotoe fonnt. D'Uerteel gëtt den 21. Februar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO