
D'Fra selwer war awer net fir hire Prozess ugetrueden.
Am Juli war et zu enger Denonciatioun vu BeeSecure komm, dat wéinst engem Facebook-Kommentar zu engem Video. D'Beschëllegt hat dozou geschriwwen, et sollt een eng Persoun wittert d'Mauer stellen an erschéissen.
Am Video war eng Aggressioun zu Déifferdeng festgehalen. Dora steet eng Persoun hannert enger Mauer, geet bei eng aner Persoun, déi roueg do sëtzt, a schléit déi, bis Leit agräifen. D'Fra hat e Flüchtling domat a Verbindung bruecht a geschriwwen, et misst een deen, Zitat, „vreckt schloen“. D'Ugekloten hat sech donieft nach, a schlechtem Lëtzebuergesch, iwwer net-Lëtzebuerger ausgelooss. E Beamte vun der Police judiciaire sot aus, dass d'Fra, wéi se op de Büro geruff gouf, sot, si wär gehacked ginn. Et wär „in“, dat ze soen, an dass dat net hir Aart a Weis fir ze schreiwe wär. Dem Polizist no wär dat awer wuel de Fall. Op d'Fro hi vum President vum Geriicht, wéi d'Police de Lien mat der Fra gemaach hätt, huet de Beamten erkläert, dat wär ënner anerem iwwer e Selfie geschitt, op deem hir Autosplacken ze gesi waren. Fir de Polizist stéing och nach alles genee sou op Facebook.
D'Vertriederin vum Parquet huet ervirgehuewen, dass d'Fra kontestéiert hätt, déi Kommentare gepost ze hunn. An den Ae vum Enquêteur géif et awer Parallelle ginn, wéi déi speziell Schreifweis. D'Fra hätt och keng Piècen iwwer e méiglechen Hackerugrëff agereecht, an d'Poste wären nach ëmmer do a fräi zougänglech. Wat de Virworf vum Opruff zum Haass ugeet, wäre ganz kloer Wierder gebraucht ginn, et hätt och eng Diskriminatioun géintiwwer net-Lëtzebuerger virgeleeën an eng Absicht, fir dës Infraktioun ze maachen.
D'Uerteel gëtt den 23. Mee gesprach.