
Ee Joer Prisong, eng Geldstrof an e Fuerverbuet vun zwee Joer. Dat war d‘Fuerderung um Stater Geriicht am Prozess ëm en déidlecht Accident am November 2016 op der Tréierer Autobunn.
Deemools war e Camionschauffer bei Fluessweiler vun der Autobunn erofgefuer, fir d'Pneue vum schwéiere Gefier ze kontrolléieren. No där Kontroll war de Mann hannerzeg zréck op d’Autobunn gefuer. Wéi hien ugefaangen hat Gas ze ginn, war e Mann vun du 24 Joer mat sengem Auto dem Camion hannendrop gerannt an doropshi verscheet. D‘Uerteel gëtt den 21. Mäerz gesprach.