
De Fussballnationalspiller Dan da Mota ass um Mëttwoch vun engem Untersuchungsriichter wéinst «Abus de faiblesse» beschëllegt ginn. RTL krut déi Inculpatioun vum Sportler sengemAffekot, dem Roy Reding, confirméiert.
En Dag méi spéit reagéiert d'Procureure générale Martine Solovieff op d'Aussoe vum Maître Reding hei op eiser Antenne. Si seet sech bass-erstaunt. Eng Instruktioun wier prinzipiell do, fir all d'pertinent Elementer zesummen ze kréien, déi fir oder géint de Beschëllegte schwätzen.
D'Cheffin vum Parquet général ass opbruecht, well de Roy Reding behaapt huet, dass de Justiz-Milieu der Presse systematesch Tuyaue gëtt. De Maître Reding gëtt opgefuerdert, déi Behaaptung ze ënnermaueren.
Wier esou eppes de Fall, géif et kloer géint de Secret vun der Instruktioun verstoussen, wat strofrechtlech Poursuitten an och disziplinaresch Suitte géif kréien. Do leet d'Madame Solovieff d'Hand an d'Feier.
Si erënnert och un d'Separatioun des Pouvoirs an un d'Roll. déi d'Press an enger demokratescher Gesellschaft ze spillen huet.
Wat d'Relatioune mat der Press betrëfft, verweist d'Procureure générale drop, dass de Parquet général an de Parquet trotz Secret vun der Instruktioun de Journalisten Informatiounen dierf ginn iwwer Prozeduren. Dobäi musse ganz kloer d'Présemption d'Innocence, d'Recht vun der Defense an d'Privatsphär respektéiert ginn.
D'Press hirersäits huet op Basis vun der europäescher Mënscherechtskonventioun d'Aufgab, Informatiounen an Iddien ze diffuséieren, déi d'ëffentlech Uerdnung betreffen. D'Vollek huet parallel ee Recht drop, esou Informatiounen via d'Press ze kréien.
Éier d'Madamm Solovieff dem Roy Reding hir perfekt Consideratioun zouséchert, ënnersträicht si, dass et an dësem Fall keng Fuite bei de Justiz-Autoritéite gouf. Et géif och guer keen Interêt bestoen, am Virfeld Detailer vun enger Instruktioun un de Public ze bréngen.