Cour d'appelParquet huet de Fräisproch am Fall vun Abus de faiblesse gefrot

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz hat eng Fra um Stater Geriicht nach zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 2.000 € kritt, elo kéint d'Fra fräigesprach ginn.
© RTL Archiv

De Wee op d'Cour d'appel kéint sech fir eng Fra gelount hunn, där ënnert anerem Abus de faiblesse virgehäit gi war. E Mëttwoch den Owend huet de Vertrieder vum Parquet général nämlech, d'selwecht wéi der Fra hiren Affekot, de Fräisproch fir si gefrot.

Am Mäerz hat d'Fra um Stater Geriicht nach zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 2.000 € kritt, well si tëscht 2013 an 2015 virun allem mat de Kreditkaarte vun engem eelere Mann ëmmer nees Suen opgehuewen hätt. An zweeter Instanz kéint si, wéi gesot, ongeschuer dovu kommen.

An dat obwuel de Vertrieder vum Parquet général um Ufank vu sengem Requisitoire festgehalen hat, dass de Mann an engem desolaten Zoustand gelieft an am Appell och d'Ugeklote versicht hätt, d'Saach schéin ze rieden. Allerdéngs wär en Abus de faiblesse, wat d'Zréckbezuele vun engem Prêt fir en Auto an d'Bezuele mat de Kreditkaarten ugeet, net ze beleeën. Wat d'Ophiewe vu Sue betrëfft, wär net ze soen, wat fir Montante vun der Fra genotzt goufen, soudass nach just e Prêt géif bleiwen, dee gemaach gouf, fir hir Scholde bei der Krankekeess ze begläichen. Wuel hätt si vun deene 6.000 € profitéiert, ma dat hätt dem Mann net uerg geschued; dofir kéint et zu engem Fräisproch kommen.

Op Fräisproch hat och de Me Clemes, Affekot vun der Fra, plädéiert. Well de Mann net dement war, wär senger Cliente keen Abus de faiblesse virzegeheien; si hätt och keng Suen ënnerschloen. Dat hat d'Me Annick Würth, Affekotin vun ë.a. de Kanner vum Mann, anescht gesinn: Si hat op d'Confirmatioun vum 1. Uerteel gehofft an dorop, dass de Mann entschiedegt gëtt.

D'Beschëllegt hat hirersäits betount, keen Interêt gehat ze hunn, fir vum Mann ze profitéieren. Dass deen op eemol keng Sue méi hat, wär net hir Schold, a si hätt och net dofir gesuergt, dass de Mann kee Kontakt méi zu senger Famill hat. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, et wär awer no an no zu enger Situatioun komm, an där hie vun hir ofhängeg war, huet d'Fra geäntwert: „Dat gesinn ech net sou!“ Et hätt hir och leed gedoen, de Mann a sengem desolaten Zoustand zréckzeloossen, ma wa si him mol Iesse gefouert huet an et war ze spéit, dann hätt hien domat ronderëm sech gehäit a gesot, si sollt goen.

D'Appellsuerteel gëtt den 13. Februar gesprach.

Back to Top
CIM LOGO