
Déi belsch Enquêteure sichen no Informatiounen iwwer d’Hierkonft vun engem Läinduch. Dëst ass scho méi al a gouf och eng Kéier ëmgeännert. D’Läinduch ass 244 Zentimeter laang an 140 Zentimeter breet an aus hellem Kotteng. An der Géigend vum Sam ass eng Broderie mat den Initiale “KW”.
Besonnesch Persounen, déi sech mat Broderie auskennen, si gebieden, sech ze mellen. Dat iwwer d’Mailadress “avisderecherche@police.belgium.eu” oder ënnert der Telefonsnummer (+32) 800 30 300.
Wéi an de belsche Medien ze liesen ass, soll d’Läinduch eng Relatioun mat engem Fall aus dem Joer 2008 hunn. Am November 2008 hat e Grupp vu jonke Scouten am Alter tëscht 5 an 8 Joer am Bësch beim Duerf Sibret, ronn 12 Kilometer hannert der Lëtzebuerger Grenz, d’Läich vun engem weibleche Puppelche fonnt. Dëse soll bei der Decouverte eréischt e puer Stonnen al gewiescht sinn. Déi belsch Police hat no der Decouverte eng Enquête opgemaach, ma de Fall gouf ni geléist.
Wéi d’belsch Medien elo mellen, soll d’Läinduch deemools am Zesummenhang mat dësen Ermëttlungen eng Roll gespillt hunn.