
Déi huet sech dunn nämlech mat engem Volet vun der Affär Landsbanki befaasst, der Affär also ëm déi islännesch Bank, déi jo nach ëmmer a Liquidatioun ass.
De franséische Sänger Enrico Macias war zu Lëtzebuerg an zwou Instanzen dozou veruerteelt ginn, der Landsbanki eben eppes méi wéi 30 Milliounen Euro zréckzebezuelen. Ufank 2007 hat de Kënschtler seng Villa zu St Tropez renovéiere wëllen, op der Sich no engem Prêt vu 5 Milliounen dofir, war hien am Mee 2007 mat der Landsbanki a Verbindung bruecht ginn.
Déi wollt dem Enrico Macias vill méi Sue léinen, wann deen am Géigenzuch a Spekulatiounsproduiten investéiere géif. De Mann krut um Enn 35 Millioune geléint, wat dem Wäert vu senger Villa entsprach huet. Net grad 9 Milliounen huet de Sänger direkt kritt, iwwerdeems eppes méi wéi 26 Milliounen an 3 Liewensversécherungen investéiert goufen. An zweeter Instanz hei am Land waren d'Appellsriichter der Demande vun der Bank nokomm, fir déi Suen zréckzekréien, obwuel am Grand-Duché eng Affär wéinst Blanchiment an der Schwief ass.
Fir de Lëtzebuerger Affekot vum Enrico Macias, deen en Donneschdeg am Ganze 5 Cassatiounsmoyene presentéiert huet, ass dëst eng geféierlech Affär fir eis Justiz. De Risiko ass deen, dass se e Montage validéiert, dee suspektéiert ass, eng Escroquerie ze sinn, och wa se nach nach als solch jugéiert ginn ass. Wann elo zu Paräis géing gesot ginn, dass et eng Escroquerie ass, da muss hei d'Handbrems gezu ginn, sou de Me Pierre Hurt.
Den Affekot vum franséische Sänger huet dofir en Donneschdeg de Moien op d'Bedeitung vum Uerteel vun der Cassatioun higewisen an ervirgehuewen, dass bei eis zwou Prozedure lafe wéinst Wäisswäschen. De Me Pierre Hurt hat déi zwee Lëtzebuerger Uerteeler géint säi Client net fir méiglech gehalen, d'Justiz dierft de Rechtsstaat dann och net mat Féiss trëppele loossen. D'Cour de Cassation sollt dofir elo soen: Et geet duer! Den Affekot ass awer och frou doriwwer, dass de Parquet général - sou wéi et en Donneschdeg de Moien ugedeit gouf - op de Wee wëll goen, fir dem Europäesche Geriichtshaff eng Question préjudicielle ze stellen. Et kéint ee sech et awer och méi einfach maachen, präziséiert de Me Pierre Hurt, an den nationalen Droit direkt applizéieren.
Egal wéi: D'Uerteel vun der Cour de Cassation gëtt de 14. Mäerz gesprach.