
Dat nom Refus vum briteschen House of commons, fir den Deal ze stëmmen. Kloer ass, dass ee sech op de No-deal Zeenario misst astellen.
Dofir mussen dann eng Rëtsch vu Gesetzer gestëmmt ginn, an zwar a kierzester Zäit, bis Enn Mäerz, wou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar sech d'Fro stellt, firwat dat elo eréischt geschitt. D'CSV hätt dat scho laang gefuerdert, datt d'Regierung sech besser op dës Eventualitéit preparéiert. Elo wier déi gefuerdert, fir sou séier wéi méiglech Neel mat Käpp ze maachen.
Fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wier et wichteg ze kucken, wat d'Diplomatie elo nach kéint maachen, notamment och an der Relatioun tëscht London an Irland. Et misst een der Republik Irland an dem Vereente Kinnekräich esou vill wéi méiglech entgéintkommen.
Den David Wagner vun Déi Lénk fënnt, dass d'EU sech generell emol sollt hannerfroen, wéi een an déi Situatioun geroden ass. Keen op EU-Niveau géif verstoen, firwat d'Leit ëmmer méi skeptesch géife ginn par Rapport zu der liberaler EU-Politik.
D'Britten hätten geschwat, an dee Choix sollt een och respektéieren.
Aus Lëtzebuerger Siicht wier et awer wichteg, am Fall vun engem No-Deal ze kucken, wat mat de Lëtzebuerger geschitt, déi a Groussbritannien liewen, och wat d'Studenten ugeet, an dem Unerkennen vun hiren Diplomer. Iwwer 4.000 Englänner wunnen a liewen och hei am Land. Déi nächst Woch wäert et iwwregens an der Chamberkommissioun vun de Finanzen eng Sitzung sinn, wou de Pierre Gramegna Detailer liwwert, wéi et Punkto Finanz-Relatioune mat London ausgesäit a wat en No-Deal fir Konsequenzen hätt.