Permisen agezunnPartie Chaufferen alkoholiséiert ënnerwee a vu Police gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, waren an der Nuecht op e Sonndeg e puer Chaufferen ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archivbild

Géint 21.20 Auer ass op der Escher A4 en Auto gemellt ginn, deen am Zickzack gesteiert gouf. Deels op 3 Spuere wier den Automobilist a Richtung Esch ënnerwee gewiescht. Zu Bieles hätt de gemellten Auto konnten ermëttelt ginn. De Chauffer hat gedronk a krut e Fuerverbuet ausgestallt. Donieft gouf de Mann protokolléiert, well e keng Openthaltsgeneemegung hat.

Um 22 Auer gouf e Mann zu Luerenzweiler ermëttelt, deen der Police wéinst senger schlechter Fuerweis gemellt gi war. Och hei war den Alkoholtest positiv, de Permis fort an amplaz e Protokoll.

Kuerz no Hallefnuecht ass enger Patrull en Auto op der Escher Autobunn Héicht Steebrécken opgefall, deen am Zickzack gesteiert gouf. De Chauffer gouf ugehalen, en Alkoholtest duerchgefouert a well deen en ze héije Wäert ugewisen huet, de Fürerschäin agezunn.

Méi Repercussiounen hat do awer en Tëschefall um 2.30 Auer an der Rue de Rollingergrund an der Stad. En Automobilist hat do d'Kontroll iwwert säi Won verluer, krut fir d'éischt e Luuchtepotto ze paken an ass duerno an ee geparkten Auto gerannt. Säin Auto huet Feier gefaangen an huet misse vu de Pompjeeë geläscht ginn. De Schëllegen hat sech do awer schonn ze Fouss duerch d'Bascht gemaach a konnt nach net ausgemaach ginn. D'Stater Police ermëttelt.

Ëm déi selwecht Zäit krut d'Police gemellt, dass sech op der Escher Grenz 3 Persounen an d'Hoer kritt hunn. D'Police huet d'Situatioun op der Plaz gekläert. Bei zwee vun de Leit goufe kleng Quantitéite Marihuana fonnt an ee vun de Chaufferen hat ze vill gedronk. Hie krut de Permis ofgeholl an d'Persoune goufe protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO