
Am zweete Prozess ëm en Accident mat déidleche Suitten, am November 2016, zu Sandweiler krute 6 Parties civilen e Mëttwoch am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad um zivilrechtleche Plang zesumme 4.500 € Schuedenersatz zougesprach.
Um strofrechtleche Volet war en eelere Mann am Juni um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 1.500 € an zu engem Fuerverbuet vun zwee Joer mat Sursis condamnéiert ginn.
Hien hat sengerzäit um Zebrasträife bei der Kontrollstatioun eng eeler Fra ugestouss. Déi war sou uerg blesséiert ginn, dass si 3 Deeg drop gestuerwe war.