Ëffentlech eucharistesch AnbetungPaschtouer vun Dikrech hält sech net u Corona-Consigne, Bistum reagéiert

RTL Lëtzebuerg
De Bistum vun der kathoulescher Kierch hat den 23. Mäerz nach eemol all déi Geeschtlech opgeruff, wéinst der sanitärer Kris, keng Masse méi ze halen.

Obwuel de Bistum vun der kathoulescher Kierch den 23. Mäerz nach eemol all déi Geeschtlech opgeruff hat, fir wéinst der sanitärer Kris keng Masse méi ze halen, hätt sech e Paschtouer vun Dikrech net un dës Consigne gehalen. Dat mellt d'Tageblatt. Zanter leschtem Donneschdeg géing de Paschtouer all Dag eng Mass op der Plaz virun der Dekanatskierch ofhalen. Dofir géifen all Kéier e grousst Kräiz aus Holz op engem Sockel opgeriicht ginn, eng 1 Meter héich Statue vun der Muttergottes an eng Rei aner Saachen déi een fir eng Mass bräicht.

Et besteet Klärungsbedarf, sou gëtt den Dikrecher  Buergermeeschter Claude Haagen am Artikel zitéiert. De Paschtouer hätt keng Autorisatioun fir dëst op der ëffentlecher Gemengeplaz "Op der Kluuster" ze maachen.

Op RTL-Nofro hin, präziséiert den Äerzbistum, datt et sech bei den Open-Air Zeremonien "Op der Kluuster" net ëm reegelrecht Massen an enger kierchlecher Vue handelt, mä ëm ee sougenannten "Tantum Ergo", eng eucharistesch Anbetung. Et wär och net all Dag, mä ebe just virun dësem Weekend vu Pällemsonndeg, dem leschte Weekend vun der Faaschtenzäit.

Et wier awer genee sou kloer an däitlech, datt d’Verbuet vun ëffentleche Gottesdéngschter och fir de Paschtouer vun Dikrech géif gëllen. Domat dierften d'Zeremonië baussent der Kierch wuel der Vergaangenheet ugehéieren.

Op Pällemsonndeg streamt de Paschtouer Fränz Müller iwwregens d'Mass vu sech, aus dem Paschtoueschhaus.

Back to Top
CIM LOGO