Aus dem Police-BulletinPassagearrest, Déif gepëtzt an Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg op e Sonndeg waren d'Beamte vun der Police op enger Partie Plazen am Land am Asaz.
© Laurent Weber / RTL

Zwou Persounen hunn d’Nuecht um Policebüro verbruecht

E Samschdeg den Owend kuerz virun 21 gouf zu Rëmeleng an der Rue du Parc e Mann gemellt, dee Passante belästegen, Géigestänn beschiedegen an den Trafic behënnere géing. Obwuel de Mann ufanks kooperativ mat de Beamte war, huet hie sech mat der Zäit ëmmer méi opgereegt, sech géint d’Uerdere gewiert an d’Poliziste beleidegt. Nodeems sech dëst Verhale weder wärend der medezinescher Kontroll, nach um Wee op de Büro berouegt huet, gouf decidéiert, datt de Mann eng Nuecht am Passagearrest muss verbréngen.

Scho kuerz no 15 Auer goufen d’Beamte wéinst engem Mann geruff, deen an der Rue Notre-Dame an der Stad eng aner Persoun menacéiert hätt an elo géint där hiren Auto schloe géing. Och hei huet de staark alkoholiséierte Mann d’ëffentlech Rou gestéiert an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt an huet missten d’Nuecht no enger medezinescher Kontroll um Policebüro verbréngen.

Presuméiert Déif an der Stad gepëtzt

E Samschdeg de Mëtteg géint 13 Auer hunn zwee Onéierlecher enger Persoun um Kierchbierg d’Posch geklaut, wéi dës kuerz net opgepasst huet. Am Laf vun den Ermëttlunge konnten zwee presuméiert Täter identifizéiert a gestallt ginn. Bei engem vun de Verdächtege gouf d’Bankkaart vum Affer fonnt, d’Posch gouf net wäit vun der Plaz, wou se geklaut gouf, fonnt. Béid Verdächteger koume mat op de Policebüro a weider Ermëttlunge goufe lancéiert.

An der Nuecht op e Sonndeg goufen d’Beamten an d’Hollerecher Strooss geruff, nodeems hei en Täter probéiert hat, sengem Affer d’Auer vum Aarm ze rappen. Wéi d’Affer sech gewiert huet, huet en zweeten Täter him op de Kapp geschloen, éier déi zwee flüchte konnten. Et huet awer net laang gedauert, bis eng Patrull déi zwee stelle konnten. Och si koume mat op de Büro a goufen duerchsicht.

Alkohol um Steier

Géint 11 Auer e Samschdeg koum et un der Kräizung vun der Route de Kayl an der Rue Gaffelt zu Diddeleng zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Ee vun de Chauffere gouf dobäi liicht blesséiert. Bei deem aneren Automobilist war den Alkoholtest positiv, wouropshin de Permis agezu gouf.

Zu Esch war e Sonndeg géint 2 Auer en Patrull op en Auto opmierksam, deen a Richtung Busspuer ënnerwee war. Bei der Kontroll hunn d’Beamten e kloren Alkoholkonsum erkannt. Wéinst dem positive Resultat gouf e provisoresch Fuerverbuet ausgestallt.

Abréch uechter d’Land

Géint 10.20 Auer e Samschdeg gouf der Police en Abroch an e Keller vun engem Appartementshaus an der Route de Thionville zu Bouneweg gemellt. Den onbekannten Täter huet verschidde Géigestänn geklaut.

E Samschdeg gouf dann nach géint 13 Auer an en Haus an der Rue Frantz Steinmetz um Lampertsbierg agebrach. Éischten Erkenntnisser no huet den Täter eng Fënster opgebrach, fir esou an d’Haus ze kommen. Verschidde Raim goufen duerchwullt.

Déi nämmlecht Zäit waren dann och nach zu Uewerkuer an der Route de Belvaux Onéierlecher ënnerwee. Duerch eng oppe Fënster waren d’Täter an en Eefamilljenhaus agebrach an hate Schief an Tiräng duerchsicht.

An alle Fäll enquêtéiert d’Police.

Back to Top
CIM LOGO