PatientevertriedungPatiente wëlle besser iwwert hir Dokteschrechnungen informéiert ginn

Annick Goerens
Dat ass de Constat vun der Patientevertriedung, déi en Donneschdeg op enger Pressekonferenz hire Rapport vun 2018 presentéiert huet.
© Shutterstock

Donieft wéilten d'Leit och ëmmer méi dacks Detailer gewuer ginn iwwert de Remboursement an d'Prise en charge.

Lues a lues géing sech och d'Attitüd vun de Mënsche vis-à-vis vum medezinesche Secteur änneren, erkläert d'Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung: „De Patient wëll ëmmer méi informéiert sinn, wëll méi wëssen an och matschwätzen. Dat heescht, hie sicht en Dialog mam Dokter a sicht en Dialog, deen op Aenhéicht stattfënnt, an net méi dat paternalistescht Bild, wou den Dokter ganz uewe steet an de Patient alles sou acceptéiert, wéi et ass. Mä hie wëll einfach en equivalenten Austausch hu mam Dokter. An dofir informéiert hien sech och ganz heefeg bei ons iwwert Pathologien oder iwwert Traitementer, ob en d'Recht huet, eng zweet Meenung ze froen. Dat heescht, et gëtt am Fong ëmmer méi ee „mündegen" Patient. An d'Schlagwuert „patient empowerment" kënnt och ëmmer méi op an doriwwer si mir och ganz frou."

Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung Deel 1

Zejoert krut d'ASBL 924 Appeller wéinst Plainten oder Zousazinformatiounen, 2017 waren et der just 885. D'Patientevertriedung huet am Ganzen 138 Dossieren opgemaach, déi à moyen oder à long terme traitéiert ginn. Ëmmer méi Leit gräifen op d'sozial Medien zeréck, fir no Renseignementer ze froen. Dacks geet dat iwwer Mail, 24 Persounen hunn och iwwer Facebook no Rot gefrot. Meeschtens geet et ëm Rechnungen, de Remboursement, d'Prise en charge, ma och ronderëm d'Facturatioun vun den Taxi-Ambulanzen.

Michèle Wennmacher: „Bei den Taxi-Ambulanzen ass jo den Problem, dass et am Fong keng Reglementatioun bis dato gëtt. Dat heescht, jiddereen, deen hei sëtzt, kann eng Taxi-Ambulanzen-Entreprise opmaachen. Et muss ee just duerch Sandweiler kommen, dann domat bei d'CNS an da gëtt een agreéierte Chauffeur vun enger Taxi-Ambulanz. Wat feelt, ass natierlech, dass d'Personal keng Ausbildung huet. D'Autoe si ganz oft och net adequat equipéiert. Mir hu scho Saache gesinn, wou zum Beispill ee Sauerstoff gebrauch huet, dat war awer grad net verfügbar, wou den Patient hätt missen adequat leien, dat war och net méiglech an hien ass herno an engem Zoustand ukomm, dee wierklech nach méi schlëmm war. Heiansdo sinn och méi Patienten an engem Taxi transportéiert ginn an all Patient krut den nämmlechten Tarif verrechent."

Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung Deel 2

Do misst onbedéngt eng Ännerung kommen, sou d'Patientevertriedung, déi sech aktiv dofir agesat huet. Et wär och e Groupe de travail am Gesondheetsministère geschaaft ginn, bis ewell hätt een awer net vill Feedback kritt iwwer, wéi de Grupp viru komm ass, a wéini d'Mesurë sollen ëmgesat ginn, sou nach d'Michèle Wennmacher.

Back to Top
CIM LOGO