Muss de Patron awer fir d’Aarbechtsmaterial, den Aarbechtspensum oder fir den Dateschutz suergen? Mat deene Froen hu mir eis beschäftegt an ënnert anerem mat Patronat a Gewerkschaften driwwer diskutéiert.
Wéinst der Quarantän schaffen aktuell vill Mataarbechter vu Betriber vun doheem aus. Grondsätzlech muss de Patron de Salariéen Aarbechtsmaterial ewéi zum Beispill e Computer ze Verfügung stellen. Well een aktuell awer an enger spezieller Situatioun ass, kann dëst net ëmmer applizéiert ginn, esou d’Patronat.
Fir ze kucken, wéi héich den Aarbechtspensum wärend dem Télétravail ass, muss een Dialog tëscht dem Salarié an dem Patron bestoen. Wann d’Mataarbechter wéineg Aarbecht hunn, misst een no Léisungen sichen an zum Beispill op de Chômage Partiel oder Congé zreckgräifen.
E weidert Thema wärend dem Home-Office ass den Dateschutz. Fir domadder ëmzegoen, goufen ewell vill Salariéë forméiert. Fir sech nach besser ze protegéieren, solle se ënnert anerem hire PC verschlësselen, sensibel Donnéë protegéieren an evitéieren, Spam-Mails opzemaachen.
Experten no kéinte Cyberattacken am Home-Office zouhuelen. Well d’Sécherheet vun der Informatik vun de Betriber gestéiert gëtt, missten Salariéen dowéinst nach méi sensibiliséiert ginn.
