AarbechtszäitreduktiounPatronat schwätzt vu "Fake"-Reunioun a bleift fort

Roy Grotz
Wann en Dënschdeg de Mëtteg de Comité Permanent du Travail et de l'Emploi (CPTE) beienee kënnt, da wäert d'Patronat do net vertruede sinn.

An där Reunioun presentéiert den Aarbechtsminister Georges Engel d’LISER-Etüd iwwer méiglech Modeller vun Aarbechtszäitreduktioun. D’UEL schwätzt vun enger kuerzfristeger “Fake"-Reunioun, déi keng déifgräifend Diskussioun géif zouloossen - ëmsou méi de Minister direkt duerno virun d’Press geet. D’UEL kritiséiert, datt d’CPTE-Reunioun absolut net anstänneg preparéiert gi wier an d’Memberen eréischt viru véier Deeg beienee geruff gi wieren. Dëst wier also just eng reng Formalitéits-Reunioun, wou d’Sozialpartner virun de Fait Accompli géife gesat ginn - duerfir bleiwen en Dënschdeg d’Plaze vun de Patronen am CPTE eidel.

Ewell e Méindeg de Moien hat den LCGB-President Patrick Dury op eiser Antenn d’Demarche vum Aarbechtsminister kritiséiert a bedauert, datt d’Sozialpartner bei der Etude iwwert d’Reduktioun vun der Aarbechtszäit iwwerhaapt net agebonne gi wieren. Och d’UEL deelt dës Meenung a seet, datt de sozialistesche Minister mat senger Demarche nëmmen nach géif confirméieren, datt de Sozialdialog aktuell “e Platten” hätt.

Eng weider Kritik vu souwuel Gewerkschafte wéi Patronen ass, datt de Minister Engel d’Etude ewell der LSAP-Fraktioun presentéiert hätt, nach éier hien an de Regierungsrot domat gaangen ass. Domat géif de Georges Engel sengen Kapen als Minister an als LSAP-Kandidat wuel vertauschen.

Back to Top
CIM LOGO